Auslousung fir d'Qualifikatiouns Phase 2 fir d'Euro2024 an Däitschland.

  31.03.2022

Nom (gezwongen) Réckzuch vu Russland a Wäissrussland gouf Lëtzebuerg fir d'Qualifikatiounsphase 2 fir Euro2024 nonominéiert.

D'Auslousung fir dës Qualifikatiounsphase fënnt haut Donneschdeg, 31. Mäerz um 18:00 zu Berlin statt. D'Auslousung gëtt live op den EHF Plattformen (EHFTv a Facebook) iwwerdroen, a mir probéieren och Extraiten op der FLH Facebook Säit ze iwwerdroen, an Iech déi néideg Informatioune live vun der Plaz matzedeelen.

Déi 24 qualifizéiert Natioune ginn an 8 Gruppe vu 4 Equippen opgedeelt. D'Lousdëppe fir d'Auslousung sinn déi heiten :

POT 1 :  Norwegen, Frankräich, Kroatien, Slowenien, Ungarn, Portugal, Island, Éisträich
POT 2  : Tschechesch Republik, Polen, Holland, Montenegro, Nordmazedonien, Serbien, Schwäiz, Ukrain
POT 3 :  Bosnien an Herzegowina, Litauen, Lettland, Israel, Slowakei, Tierkei, Rumänien, Griicheland
POT 4 :  Kosovo, Belsch, Estland, Färöer Inselen, Finnland, Italien, Georgien, Lëtzebuerg

D'Matcher sollen dann u folgenden Datumer gespillt ginn :

Ronn 1 : 12/13 Oktober 2022
Ronn 2 : 15/16 Oktober 2022
Ronn 3 : 8/9 Mäerz 2023
Ronn 4 : 11/12 Mäerz 2023
Ronn 5 : 26/27 Abrëll 2023
Ronn 6 : 30. Abrëll 2023

#RoudeLéiwHuelse ##handballassmei