Auslousung EHF Cup (Dammen an Hären) an Challenge Cup (Hären)

  17.07.2018

Am EHF Cup bei den Hären kritt den Handball Käerjeng et am éischten Tour mat RK Zeleznicar 1949 aus Serbien ze dinn. Den Aller Match ass a Serbien a gëtt gespillt um Weekend vum 1./2. September, de Retour Match zu Käerjeng gëtt de Weekend vum 8./9. September gespillt. Am Fall vun enger Qualifikatioun géif den HB Käerjeng dann am nächsten Tour géint Achilles Bocholt aus der Belsch spillen (6./7. an 13./14. Oktober).

 

Am EHF Cup bei den Dammen spillt den Handball Käerjeng am 1. Tour géint déi wäissrussesch Equipe vun HC BNTU-BelAZ Minsk. Hei ass den Aller-Match zu Minsk fir den 8./9. September virgesinn, an de Retour Match zu Käerjeng de Weekend duerno (15./16. September).

 

Am Challenge Cup bei den Hären spillt den HB Diddeleng am 2. Tour géint IMEDI Telavi aus Georgien. Den Aller-Match zu Diddeleng ass virgesinn fir de Weekend vum 6./7. Oktober, de Retour Match a Georgien ass da geplangt fir de Weekend vum 13./14. Oktober. Am Fall vun enger Qualifikatioun waart dann d'Russesch Equipe vun HC Neva SPb op den HBD.

 

Am 3. Tour vum Challenge Cup kritt den HC Berchem et da mat dem Gewënner aus der 2. Ronn tëschent Celtnieks Riga aus Lettland an Holon Yuvalim HC aus Israel. Den Aller-Match ass programméiert fir de Weekend vum 17./18. November, de Retour Match zu Crauthem ass dann de Weekend duerno um 24./25. November.