Arbitterstage virun der neier Saison
  30.08.2021


Dëse Weekend waren ons Arbitter, ënner anerem onsen A-Kader, fir hire mëttlerweil schonns traditionelle Summerstage, zu Munneref am Domaine Thermal. D’Kuere goufen dëst Joer vum Kay Holm, dem "Schiedsrichterlehrwart" vum DHB, gehalen. No zwee Deeg intensive Kuere wäerten si esou optimal virbereet an déi nei Saison starte kënnen.

#handballassméi