Arbitteraustausch mat Éisträich de leschte Weekend

  27.03.2023

Dëse Weekend stoung, no dräijäreger Paus wéinst der Pandemie, endlech nees onsen Arbitteraustausch mat Éisträich um Programm. Dës Kéier waren d’Arbitter och net aus dem Handballverband Wien, mee d’Anna Wiesauer an d’Kathrin Lauter koumen aus Niederéisteräich. Si gehéieren do zum Nowuesselitekader a sinn um Sprong fir an den héchste Kader opzesteigen. Um Wee dohi sinn esou Matcher an engem anere Land eng wichteg an hëllefräich Erfarung. Dat gëllt och fir eis Arbitter, an dofir flitt och am Géigenzuch eng Koppel vun der FLH de Weekend vum 15. a 16. Abrëll op Wien.

Mir wëllen dem Handball Käerjeng, dem Handball Esch an ApartTV och nach ee grousse Merci soen, déi bereet waren, hire Match an der AXA League op Freides ze verleeën, an domat dem Austausch déi vun de Veräiner néideg Ënnerstëtzung ze ginn.