Arbitter-Koppel Sabien Weber - Denis Weinquin bei der W17 EHF Championship 2021 am Asaz
  07.08.2021


Eis Lëtzebuerger Arbitter-Koppel Sabien Weber - Denis Weinquin ass de 5. August gutt zu Klaipeda a Litauen ukomm, an dat no 12 Stonne Multimodalen Transport iwwert Wien a Riga.

Mat 4 anere Schiedsriichterkoppele sinn si als "EHF candidate referees" beim W17 EHF Championship 2021 am Asaz.

No engem Dag Coursen, Laf- a Regeltester, päifen si haut um 17h00 (16h00 Lokalzäit) de Match Kosovo - Spuenien.

Mir wënschen hinnen zwee eng gutt Päif fir hiren zweeten internationalen Turnéier !

#handballassméi