Arbitter Formatioun am Februar
Och wärend der Pandemie sinn d’Arbittercoursen natierlech virun gaangen, allerdéngs, ewéi esou villes an dëser Zäit, ënnert der Form vu Videokonferenzen.
Déi Kueren si wichteg, besonnesch elo, wou et erëm mam Championnat lass geet.
Well jo heiheem keen Handball gespillt gouf an deene leschte Méint, sinn an dëser Reunioun vum 6. Februar 2021 besonnesch Zeenen vun der WM an Ägypten analyséiert ginn.