Arbitter-Austausch mat Süd-Dänemark 🇱🇺🤝🇩🇰

  03.03.2026

Am Kader vum Arbitter-Austausch war leschte Weekend eng Koppel dänesch Arbitter zu Lëtzebuerg am Asaz. De Lucas Christiansen an den Andreas Karlebjerg hunn 3 Matcher an der AXA League bei de Männer an de Frae geleet.

Am Fréijoer wäerten och nees lëtzebuerger Arbitter an Dänemark fueren. Dëst ass eng Occasioun fir eis jonk Arbitter fir international Erfarungen ze sammelen an sech esou weiderzeentwéckelen. 

 

No Ref - No game!