Arbitter-Austausch mat Süd-Dänemark 🇱🇺🤝🇩🇰
Arbitter-Austausch mat Süd-Dänemark
Dräi lëtzebuerger Arbitter ware leschte Weekend um GOG-Cup zu Gudme am Asaz. Si waren allen dräi fir d’Finallen nominéiert: den Tun Bartringer bei den U13 an d’Cathy De Waha zesumme mam Diogo Morim SImoes bei den U15.
Am Mee haten zwee dänesch Arbitter zu Dikrech um Boys’ a Girls’ Cup gepaff.
Duerch dësen Austausch kënnen eis jonk Arbitter wäertvoll Erfarung sammelen. Zousätzlech stäerken esou Projeten d’Zesummenaarbecht tëscht de Verbänn an hiewen d’Qualitéit vun der Arbitter-Ausbildung .
No Ref - No game!