Arbitter Austausch mat Éisträich
Nodeems mir dat leschte Joer eng éisträichesch Arbitterkoppel op Invitatioun vun der FLH um Youth Cup zu Diddeleng begréisse konnten, an dunn am Hierscht lescht Joer op Aluedung vum Wiener Schiedsrichterchef eng Lëtzebuerger Koppel Championnatsmatcher op Wien päife war, hunn des Kontakter sech elo weider ausgebaut. An enker Zesummenaarbecht mam Wiener Arbitterchef, dem IHF-Arbitter Andrei Jusufhodzic, an ënnert der Vermëttlung vum EHF-Lektor an Delegéierten Helmut Wille, deen och schonn zweemol fir onse Final4 an der Coque zu Lëtzebuerg war, ass een Austausch mam Wiener Handballverband zustane komm, a mir kennen elo am Abrëll fir d’éischte Kéier dann och op 3 Championnatsmatcher um Weekend vum 6 bis 8 Abrëll zwee éisträichesch Arbitterkollege begréissen, déi folgend Matcher leede sollen:
Red Boys - Esch 6.4 20:30 (HDN)
HBD-Kaerjeng 7.4 18:00 (HDN)
Kaerjeng - Standard 16:00 (DDN)
Karel Matthias (22) an Trickovic Ivan (25) heeschen déi zwee Arbitter, déi vum Wiener Handballverband selektionéiert goufen, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Si päife bei sech an der éisträichescher Männer-Bundesliga (BLM) esou wei och an der héchster Frae-Liga (WHA), a stinn am erweiderte Kader fir an der Éisträichescher Männer-Profiliga agesat ze ginn.
Nennenswäert ass och, well dat net selbstverständlech ass, dass esouwuel di éisträichesch Arbitterkollegen, wei och di lëtzebuergesch Arbitter, déi leschten Hierscht op Wien waren, gänzlech op hier Remuneratioun fir d’Matcher verzichten resp. verzicht hunn, an dass mat deene Suen, déi si fir hier gepaffe Matcher zegutt gehat hätten, respektiv hunn, an deenen zwee Länner den Austausch finanzéiert gëtt. An enger weiderer Phase sollen dann och jonk Arbitter vun dëser Zesummenaarbecht tëschent der FLH an dem WHV profitéiere kënnen, andeems si zum Beispill op Turnéier an deenen eenzele Verbänn invitéiert ginn. Och verspriechen di zwee Verbänn sech iwwert dee Wee weider Jonker motivéiert ze kréien, fir Arbitter ze ginn.