AG 2025 vun der FLH zu Miersch e Samschdeg 28. Juni

  29.06.2025

D'AG vun der FLH ass e Samschdeg 28. Juni a Presenz vum Sportminister Georges Mischo gutt verlaf, D'Finanzen mat positivem Resultat an de Budget 2025, genau wéi d'Reglementsännerunge sinn all unanime vun de Veräiner ugeholl ginn.

 

Och dem HB Museldall säi Virschlag, nom Playoff nach eng Véierelsfinall ze spillen, ass majoritär ugeholl ginn. (Do spillen déi 3. a 4. Platzéiert vum Titel Playoff géint den 1. an 2. Platzéierten vum Playoff Montée, fir d'Participatioun an den Hallefinallen).

 

Nei am Verwaltungsrot sinn d'Jil Welter, de Sacha André, de Joé Faber an den Tommy Wirtz.

 

Mersch75 e grousse Merci fir déi gutt Organisatioun, an de flotten Empfang.

 

#handballassméi


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)