2019 Men's European Open 17 : Russland - Lëtzebuerg 23 - 14 (11 - 9)

  01.07.2019

An der éischter Halbzeit hunn eis Jonge ganz gutt mat Russland matgehalen, déi ni méi wéi 1 Goal Ecart konnten eraus spillen. Just e puer Sekonne virun Halbzeit Paff ass hinnen dunn deen éischten 2 Goaler Virsprong gelongen.

Eis Equippe koum gutt aus der Paus an hunn direkt nees op 1 Goal verkierzt. Déi zwou Equippen hunn sech de ganzen Zäit duerch näischt geschenkt. Bis zur 40. Minutt konnten eis jonk Léiwen absolutt mathalen a waren e gläichwäertege Géigner, duerno ass hinnen awer e wéineg d'Loft aus gaangen, an esou konnt Russland sech lues a lues hire 9 Goaler Avantage eraus spillen.

Mat groussem Engagement a vill neien Andréck geet den 1. Dag zu Göteborg fir eis Jongen op en Enn.

Hei fannt dir déi offiziell <link file:1364 download internal link in new>Feuille de Match vun der EHF