2019 Men's European Open 17 : Lëtzebuerg - Schwäiz 13 - 22 (4 - 10)
D'U17 Lëtzebuerg verléiert däitlech géint Schwäiz 13 -22
Och am leschte Gruppematch haten d'Jonge vum Trainer Maik Handschke laang Problemer Léisungen am Ugrëff ze fannen. Sou konnten d'Schwäizer bis zur Paus mat 10-4 fortzéien.
Et ass an der zweeter Halschent am Ugrëff zwar besser gelaf, mais d'Schweizer hunn näischt méi ubrenne gelooss, a wannen um Enn mat 13-22. Domat ass Lëtzebuerg op der 5. Platz am Grupp A.
Hei fannt dir déi offiziell <link file:1384 download internal link in new>Feuille de Match vun der EHF