2019 Men's European Open 17 : Lëtzebuerg - Czech Republic 15 - 21 (6 - 13)
Gutt Resultat vun eise Jongen.
Eis rout Jongléiwe koume schwéier an de Match eran. An der Verdeedegung huet munches net sou fonctionnéiert wéi virgeholl. Fir war et schwéier duerchzekomme géint eng gutt organiséiert a massive Defense vum Géigner. Soumat stoung et 6:13 an der Halbzeit. No der Paus huet dësen Trend sech fortgesat bis 10‘ viru Schluss wou endlech den Déclique bei der Equipe komm ass. D‘Jongen hu mat Häerzblutt gekämpft a konnten déi 2 Halschent gewannen.
Hei fannt dir déi offiziell <link file:1382 download internal link in new>Feuille de Match vun der EHF
De nächste Match, an och leschte Gruppematch ass dann den Owend um 19:45 Auer géint d'Schwäiz (och nees op www.ehftv.com/int/ am Livestream ze kucken. Ass op Court 3. Ass also net sécher dat et fonctionnéiert)