10. Jugend-Handballcamp vum Handball Käerjeng an der Ouschtervakanz 2025
Den HB Käerjeng organiséiert säin Handballcamp 2025 an der Ouschtervakanz 2025 vun Dënschdeg 8. Abrëll bis Donneschdeg 10. Abrëll, (ouni Iwwernuechtung) an der Sportshal « Um Dribbel » zu Käerjeng.
De Camp ass fir d'Kategorien U11 bis U17 (Jongen a Meedercher)
Programm a Leeschtungen : 3 Deeg Handball Training ënnert professioneller Betreiung, all Dag eng waarm Moolzecht, an Uebst an de Pausen, Waasser virum, wärend a nom Training, en exklusive Camp-Shirt. D’Spiller ginn de ganzen Dag betreit.
Präis pro Spiller 149 €, Member HBK 139 €, Geschwësterrabatt -10 €
Mellt Iech un iwwert de QR Code an der Grafik oder iwwert dëse Link https://forms.office.com/e/xXxySXSN9z
Pabeierflyer fannt dir op https://www.hbk.lu/pdf/HBK-Camp-2025.pdf
Déi éischt si vir !