♿🤾‍♂️ Rollstullhandball zu Lëtzebuerg 🤾‍♀️♿

  07.04.2026

De 25. Abrëll um 18:00 Auer, am Kader vum Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg, gëtt eng Demonstratioun vum Rollstullhandball presentéiert! 👏

 

Den HB Diddeleng huet viru kuerzem eng Ekipp gegrënnt: d'Foxriders 🦊🔥 – a setzt domat e staarkt Zeeche fir Inklusioun am Handball. An der Coque spillen d’Foxriders géint déi belsch Ekipp Cap2Sports.

 

Handball ass fir jiddereen! Kommt laanscht an entdeckt dës flott Initiativ, déi weist wéi wichteg et ass, de Sport fir all Mënsch accessibel ze maachen.

 

🙏 E grousse Merci un all déi, déi dëse Projet méiglech maachen an d’Wäerter vum Sport liewen!

 

#handballassméi #LoterieNationale #coupedeluxembourg