Mir sichen dech fir d'Gesiicht(er) vum We love Handball !
  12.04.2018


Wëlls du och hannen op engem Bus Reklamm fir den Handball maachen ? Da komm e Samschdeg den 21. Abrëll (17:30 bis 19:30 Auer) oder e Sonndeg den 22. Abrëll (15:00 bis 16:30 Auer) an d'Coque beim Final4 Loterie National Coupe de Luxembourg fir de Foto Casting (Stand bei der Buvette). Dëse Casting ass fir Kanner vu 7 bis 11 (inclus) Joer.

Aus all de Fotoe vun dësem Casting sicht dann eng Jury d'Gesiichter vum We love Handball eraus.

P.S. : Mir brauchen eng schrëftlech Averständnis Erklärung vun den Elteren (fannt dir op flh.lu oder kann op der Platz ausgefëllt ginn.

http://www.flh.lu/jeunes/we-love-handball/foto-casting-autorisation-parentale/