E Samschdeg den Owend päifen de Jean-Marc an de Branco hire leschte Match an der Hären National Divisioun.
  12.05.2018


No laange Joren a ville Matcher wäerte mir si net méi an eisen Halen an op eisen Terrain gesinn, op mannst wat déi héchsten Divisioun betrëfft. Trotzdeem hoffen ech datt se hir Sacochen a Schlappen net am Keller verstauen, mee datt si weider eis jonk Equippe päife wäerten, an dass si eise jonken Arbittere mat hirer Experienz an hirem Know-how hëllefe wäerten.

E grousse Merci un de Jean-Marc fir alles wat's du fir eis niewent dem Terrain gemaach hues.

Ech wär frou, wann dir weiderhin hëllefe géift, egal wéi, soit als Coach fir déi Jonk Arbitteren, soit als drëtte Mann, als Delegéierten, op dem offiziellen Dësch (och wann Dir ganz streng wäert sinn