D'FLH an Executive Lane sichen de VIP vun der Härefinall vun der Coupe de Luxembourg.
  11.04.2018


Zesumme mat eisem Partner Executive Lane vum Groupe Sales-Lentz siche mir de VIP vun der Häre Finall vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg 2018.

Wat kënnt dir gewannen ?

Samschdes am fréien Owend kënnt de Chauffeur vun Executive Lane iech (an eng 2. Persoun) mam Mercedes Maybach heem sichen  a bréngt iech an d'Coque. Do hutt dir 2 Plazen op der VIP Tribün an och Zougang zum VIP Beräich mat Iessen an Drénken.

Bei der Coupe Iwwerreechung sidd dir da mat um Podium derbäi an dir kënnt de Gewënner perséinlech gratuléieren.

Duerno féiert de Chauffeur iech selbstverständlech nees mat der Limousine heem. Vill Spaass.

Wat musst dir maachen ?

Dir musst Fan vun eiser FLH-facebook Säit sinn, dëse Post op facebook liken a sharen. De Gewënner gëtt dann ausgeloust (Paus Hallef-Finall Dammen HB Dudelange - HB Käerjeng) a Freides den 20. Abrëll dann och op eise Säite bekannt ginn.

http://www.executive-lane.com/de

P.S. : Heem = Grand-Duché / Schluss vum Concours 19.4.2018 um 20:00 Auer