2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FLH...
News

Daag vum Arbitrage dëse Weekend zu Lëtzebuerg

Léif Sportsfrënn,

Dëse Weekend steet besonnesch am Zeeche vun den Arbitteren.

Ganz oft sti Schiidsriichter am Sport am Mëttelpunkt vun der Kritik.

Ënnert dem Afloss vun Emotiounen a Begeeschterung ginn hir Decisiounen all ze oft net verstanen, net akzeptéiert an ongär respektéiert.

Dem Arbitter säin Amt an seng Missioun sinn delikat, komplizéiert a schwéier. Si mussen sech oft ongerechtfäerdegten, iwwerdriwwenen, onfairen a verletzende Commentairen aussetzen.

Hiren Asaz fir de Sport, hir Disponibilitéit, hiren Devouement an Enthusiasmus, den si an den Déngscht vum Sport stelle, gi weder unerkannt nach respektéiert.

Um Terrain brauche mir Decideuren. Um Terrain brauche mir Leit mat Courage déi sech net scheien zu all Moment mat hiren onparteilechen Entscheedungen duerfir ze suergen, dat Spillreegelen agehale ginn. Si sinn néideg fir eise Sport an all seng Acteuren ze protegéieren.

De Sport brauch awer des Leit: Ouni Upeff leeft kee Ball, ouni Arbitter kee Match.

Hëlleft hinnen, net nëmmen um Dag vun haut!

Ënnerstëtzt si duerch äre Respekt, duerch är Akzeptanz vun hiren Decisiounen, duerch äre Fair-Play.

Drot mat ärem Verständnis fir den Arbitrage derzou bei, dat mer och an Zukunft genuch Schiidsriichter hunn, fir den Oflaf vun eisem Sport fir jiddereen ze garantéieren.

Am Numm vun allen Schiidsriichter

Merci fir är Ënnerstëtzung.

D’Arbittere vum Handball, Basketball, Volleyball, Football an Dëschtennis


Geschrieben von flhadmin, am 29.09.2017 um 10:46 Uhr.




    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: